Firwat een Online Entspanungscours?

Stress, Angscht, Middegkeet, Onrou, Depressioun, Burn Out...

...déi Lëscht kéint nach weider a weider goen. Fënns du dech an enger vun deene Situatiounen erëm? Oder kenns du een deens du schon öfters dorobber opmierksam gemach hues?

Dann ass SANJI Academy genau richteg fir dech!

Mir proposéieren dir verschidde Couren déi dir hëllefe sollen am Alldag z'entspanen an zur Rou ze kommen.
NET méi gestresst sinn, MANNER Angscht ze hunn, MEI FIT a MANNER MIDD ze sinn, ANESCHT mat Depressiounen oder Burn Out emzegoen...

An dat bequem bei dir doheem, ouni dass du dech muss duerch de Verkéier hetzen a fir MANNER WEI 2 €/DAG !

Watch Intro Video

Video

BUCH ELO DÄIN ENTSPANUNGSCOURS

D'Progressiv Muskelentspanung,
Qi-Gong oder Meditatiounscours

Eis Coachen

Mir si fir Iech do!

Entspanungstrainer, Klangmassagepraktiker, Emmett Massage Practicioner

Gilles Heinisch

Grënner vun: calme.lu

Ausbildung:
Licencié en communication appliquée (IHECS Bruxelles)
2012-2014Ausbildung Zertifizéierten Entspanungstrainer
2014-2015 Ausbildung Zertifizéierte Peter Hess-Klangmassagepraktiker - Peter Hess Institut
2015 Ausbilding Zertifizéierten KLiK Praktiker - Klangaktivitéiten & Projets fir Kanner - Peter Hess Institut
2015 Ausbildung TRX Qualified Trainer & Fitness Coach
2018-2019 Ausbildung EMMETT-Therapie (Muscle Relaxation Massage & Therapie) certified Practicioner

Burn Out, Depressiounen, psychosomatesch Stéierungen oder aner Krankheetsbiller, verursaacht duerch ze vill Stress, waren un der Dagesuerdnung an de groussen Entreprisen an deenen ech täteg war, a gestresste Leit si mir och ëmmer méi oft a mengem Alldag an a menge Fräizäit begéint. Fir deem entgéint ze wierken, wëll ech menge Matmënschen eppes Guddes bréngen.

Systemesch Coach + Berooderin, Systemesch Opstellungscoach, Systemeschen Teamcoaching, Seminarleederin vun der Progressiver Muskelentspaanung, Kinesiologie 1-4 Touch for Health, Wellness-Massagetherapeutin

Sandra Schleimer

Grënnerin vun: MUOZA
Ausbildung
2005 Employé am Enseignement
2009 + 2013 Mamm vun 2 wonnerbaren Jongen gin
2016 Selbstständegkeet an Salt House Roost gegrennt
2016 Systemeschen Coach an Beroder Ausbildung an der @CoachTrainer Akademie Schweiz
2016 Kinesiologie: Touch for Health Level 1-4 an der Heilpraktikerschule Paracelsus
2016 Réckféierung an Reinkarnatioun an der Heilpraktikerschule Paracelsus
2017 Massage an Wellnesstherapeutin bei der Terramedus Frankfurt
2017 Systemeschen Opstellercoach @CoachTrainer Akademie Schweiz
2017 Systemeschen Team-Coach an Trainerin @St Galler Coaching Akademie
Schweiz 2018 Seminarleiterschein an der Progessiver Muskelentspanung an der Heilpraktikerschule Paracelsus
2019 MUOZA zu Biereng
2020 Energiecoaching Robby Altwein

Duerch meng eegen Liewenserfarungen hunn ech däerfen déi Experienz maachen vun Depressiounen an Burn-out. Eng Zäit déi net ganz einfach an laangwiereg war. Mee ech hunn mech op den Wee gemaach fir erauszefannen firwat mir dat alles geschitt ass, an wei hätt ech et kéinten verhënneren, an virun allem wat kann ech preventiv maachen fir mech ze schützen an kucken datt et mir moralesch an kierperlech gutt geet fir en ausgeglachent, zefriddent Liewen kenne ze liewen. Villes hunn ech probéiert, - an vun all deem wat mech begeeschtert huet an virun allem gehollef huet sinn ech dunn an deenen verschiddenen Ausbildungen selwer leieren . An dat alles  well ech dir gären mat op den Wee gi. 

En Grond des Akademie ze grënnen fir dir op enger ganz einfacher Aart an Weis den Wee zu Dir ze fannen an zwar mat Entspanung, Coaching an verschidden Methoden déi einfach ze maachen sinn. En Konzept wat ech mir wierklech zu der Zäit gewënscht hätt, fir op engem ganz einfachem schnellen  Wee mer rëm en bessert Liewen ze erméiglechen 

Dat soe Leit déi scho matgemach hunn

5 nombre d'étoiles accordées

Wonnerbar Merci

Marianne Degregori

5 nombre d'étoiles accordées

Eng nei Erfahrung fir mech

John SCHMIT

Super interessant, muss nach méi disziplinéiert an méi reegelméisseg weidermaachen - hunn esou vill aner Saachen, déi meng Zäit an Usproch huelen...mee, ech ...

En savoir plus

Super interessant, muss nach méi disziplinéiert an méi reegelméisseg weidermaachen - hunn esou vill aner Saachen, déi meng Zäit an Usproch huelen...mee, ech wäert mer méi gin, well et mer vill bréngt

Moins d'infos
nombre d'étoiles accordées

Basic Couren

Eis Basic Couren enthale folgend Saachen:

  • Komplette Cours iwwer 21 Deeg deens du bei dir doheem mache kanns.

  • Garantéiert 5 Contents pro Woch

  • Videoen, Audio Content - guidéiert Meditatiounen, Otemübungen

  • Accès zu der Sanji Community wou s du dech mat aanere Memberen austäusche kanns

  • Während 3 Méint Accès zu de Couren

  • Bezuelbar an 3 Kéieren

Premium Couren

Eis Premium Couren enthale alles aus dem Basic + Live Features

  • Komplette Cours iwwer 21 Deeg deens du bei dir doheem mache kanns.

  • Garantéiert 5 Contents pro Woch

  • Videoen, Audio Content - guidéiert Meditatiounen, Otemübungen

  • Accès zu der Sanji Community wou s du dech mat aanere Memberen austäusche kanns

  • Während 6 Méint Accès zu de Couren

  • Bezuelbar an 3 Kéieren

  • Access zu Live Events via Zoom

  • 1x Woch Zoom mat all de Memberen

  • Regelméissegen Austausch mat dem Coach

VIP Couren

Du wëlls perséinlech betréit ginn vun engem vun de Coachen? An eisem VIP Cours hues du alles vum Premium + 1 perséinleche Coaching vun 30 Minutten

  • Komplette Cours iwwer 21 Deeg deens du bei dir doheem mache kanns.

  • Garantéiert 5 Contents pro Woch

  • Videoen, Audio Content - guidéiert Meditatiounen, Otemübungen

  • Accès zu der Sanji Community wou s du dech mat aanere Memberen austäusche kanns

  • Während 6 Méint Accès zu de Couren

  • Bezuelbar an 3 Kéieren

  • Access zu Live Events via Zoom

  • 1x Woch Zoom mat all de Memberen

  • Perséinleche Coaching vun 30 Minutten mat engem Lifecoach

  • Regelméissegen Austausch mat dem Coach

BUCH ELO DÄIN ENTSPANUNGSCOURS

OPGEPASST: Well eis déi perséinlech Betreiung wichteg ass, sinn disponibel Plaze am Premium a VIP Package pro Mount LIMITEIERT!